Zertifikatioune fir eis jonk EU-Botschafter a jonk Entrepreneuren!

Haut kruten d’Schüler vun der 3GIG aus dem “Lycée Privé Emile Metz” (LPEM) hir Zertifikatioune fir hir schoulesch an ausserschoulesch Engagementer am Kader vum Programm “European Parliament Ambassador School” (EPAS) a vum Programm “Mini-entreprise” vun de “Jonken Entrepreneure Lëtzebuerg” (JEL) iwwerreecht.

D’Schüler haten am Ufank vum Schouljoer d’Minientreprise “Emile Metz Production S.A.” gegrënnt, eegen an op Wonsch vum Client personaliséiert Kreatiounen entworf an déi e.a. iwwer den 3D-Drucker a Lasercutter produzéiert. Déi jonk Entrepreneuren hunn hir Produkter iwwer ee selwer programméierten Internetsite, wärend der Vente commune am Centre commercial “La Belle-Etoile”, wärend der Schoulfoire a wärend de Portes-ouvertes vun hirer Schoul verkaf. Wärend dem Projet hunn si net nëmme Wëssen iwwer den Entreprenariat sech uneegne kennen, mee och vill perséinlech Kompetenze weiderentwéckelt, déi si hu wuesse looss hunn. Besonnesch déi mënschlech Kompetenzen, déi keng KI-Maschinn gläichwäerteg simuléiere kann, ginn ëmmer méi wichteg an enger zouhuelender digitaler Welt.

Eng weider Kap haten si wärend dem Schouljoer op, nämlech déi vun de “Junior Botschafter” an hirem Lycée. Duerch divers Aktivitéiten hunn si déi demokratesch, sozial a kulturell Wäerter  vun der Europäescher Unioun méi visibel an hirer Schoul gemaach. Wärend der Woch vum Europadag hunn si z.Bsp. Gäng, Trapenhaiser an de Restaurtant scolaire thematesch mat Fändele vun de Memberlänner an der EU dekoréiert an hunn zesumme mam Kach vum Restaurant scolaire, eng Semaine gastronomique proposéiert, op deene jeeweils een EU-Land am Fokus stoung. Ausserdeem hunn déi jonk EU-Botschafter zesumme mat EPAS-Schoulen aus Däitschland, Holland an der Belsche un engem transnationale Studentendiskussionsforum zu Eupen (Belsche) deelgeholl, op deem zesumme mat EU-Deputéiert aus de 4 Länner, iwwer europäesch Themen debattéiert gouf. Desweideren hunn si, zesumme mat EPAS-Schoulen aus Italien, Dänemark an Éisträich enger digitaler EU-Konferenz, mat EU-Deputéiert iwwer Themen, wéi Ëmwelt- an Déiereschutz an iwwert de Krich an der Ukrain diskutéiert. Och um EU-Rallye, deen ënnert dem Motto vun der Demokratie an der Stad stattfonnt huet, waren déi jonk Botschafter vertruede an hunn zeguer den éischte Präis gewonnen.

D’Zeremonie gouf organiséiert vun den Häre Pascal Thill, Direkter am Lycée Privé Emile Metz a Florent Schennetten, Professer, Coach, Initiateur a Coordinateur vu béide Programmer am LPEM.