Stage de Récompense vun eiser Sportsektioun

Vum Méinden 03. Juli bis Mëttwoch 05. Juli waren t’Schüler, déi wärend dem Schouljoer fläisseg „Présence-Punkten“ gesammelt hunn, fir en Sportstage an t’Fiels.

T’Schüler an hier Proffen waren an der Jugendherberg aquartéiert an hunn verschidde Sportaktivitéiten ausgeübt. Et waren der gewinnter, an awer och der ongewinnter Aktivitéiten um Menü. Et gouf Futtball, Basketball, Beachvolleyball a Baseball gespillt. Et gouf Mountainbike gefuer – bis op Beefort an t’Piscine – an et gouf eng Initiatioun am Golf. Um Enn vun deenen 3 Deeg huet ee lauter zefridde Gesiichter gesinn.