Eis 2TPSTC bei der Firma Landewyck!

D’Schüler vun der 2TPSTC aus dem Lycée Privé Emile Metz waren den 29ten Juni op Visitt bei der Firma Landewyck um Fridhaff. Zwee Mataarbechter hunn eis duerch dës héichmodern a voll automatiséiert Produktiounsanlag gefouert, an hunn de Schüler Produktiounsprozesser an Digitaliséierung (Industrie 4.0) méi no bruecht.

Mir soen der Firma LANDEWYCK villmools Merci fir dës interessant Visitt.