Orientatioun mat de Klassen vum C4.1 vu Miersch, Walfer a Bouneweg, de MINT Lycée stellt sech vir!

An de leschte Woche krute mir erëm Besuch vu verschiddene Grondschoulen, respektiv mir si bei si gaangen, fir de Schüler*innen eise MINT Lycée virzestellen. Di richteg Orientatioun, also d’Äntwerten ob di wichteg Froe wéi: “Woufir interesséieren ech mech, wat well ech gär léieren?” stinn dobäi ëmmer am Mëttelpunkt. D’Schüler*innen hu mat Begeeschterung mikroskopéiert, selbstfahrend Auto programméiert, respektiv kleng Léitübunge gemaach.