Visitt an der “Chambre des métiers”

Den 8. Mäerz an de 15. Mäerz ware Schüler vun eisen Techniker- an DAP-Klasse mat Proffen a Meeschteren sech an d’Chambre des métiers iwwert de Meeschterbréif informéieren.

Si goufe vun der Madamm Lamesch, Cheffe vun den Ausbildungen an der Handwierkerkummer, der Madamm Carole Rukavina an dem Här Pit Hemmerling, Responsabelen vum Brevet

de maîtrise empfaangen. D’Visiteure krute ganz vill flott opbereeten Informatiounen iwwert d'”Plus-Value” vum Handwierk, der Selbststännegkeet an iwwert d’Opmaachung vun der Formatioun vum Meeschterbréif.

Béid Visitte goufe vun der Cellule d’orientation aus dem LPEM initiéiert an zesumme mat de Responsabelen aus der Handwierkerkummer organiséiert an ëmgesat.