Visitt vun der 5G3 an der “Provençale” 

 

Nodeems all d’Schüler vun der 5e am Februar en obligatoresche Stage an enger Entreprise gemaach hunn, stoung den 2. Mäerz mat der 5G3 d’Visitt vun der „Provençale“, deem gréissten Bedreiwer vu Liewensmëttel am Land, um Programm. D’Schüler konnten hei hannert d’Kulisse kucken a hunn intresséiert nogelauschtert. 

Si hu grouss Aen gemaach an waren begeeschtert ze héieren, dass d’Provençale iwwer 90 Beruffer ubitt:  Hei gëtt nämlech vun der Publicitéit, der Wartung vun den Apparater an de Camionen, dem Botzen vun den Gefierer, dem Hierstellen vun Regaler duerch Schräiner an Schlesser bis zu der Klärung vu juristeschen Froen alles intern gereegelt. 

D’Schüler ware beandrockt vun der gutt organiséierter Logistik an der familiärer Ambiance, déi an deem Betrib herrscht. Nodeems d’Klass e Killraum passéiert huet, an deem et äiseg -20 Grad waren, waren d’Schüler frou, wéi si um Schluss vun der Visitt de Vivier mat den Homarden a Krabbe konnte kucken. 

Zefridden a räich beschenkt, sinn si dono erëm mam organiséierte Bus zréck an d’Schoul gefouert ginn.