Schülerrees vun de Smart Technologies an den Energieelektroniker Ofschlossklassen

Eis Ofschlossklasse vun de Smart Technologies an den Energieelektroniker hu sech di läscht Woch vum 8. – 10. Mäerz iwwer Mulhouse op de Wee op Freiburg gemaach.

Éischt Statioun vun der Schülerrees war den Electropolis Musée zu Mulhouse.

Dëse Musée beschäftegt sech mat der Geschicht vun der Elektrizitéit a gëtt een Abléck an d’Energieversuergung vu der Zukunft. Flott ze gesi waren déi vill Exponater an interaktiv Statiounen. Wei och  impressionant Sulzerdéi-Dampfmaschine mat dem BBC-Wieselstzroumgenerator den 900kW bréngt.

Zu Freiburg hu mir kleng Produktiounsanlagen aus erneierbaren Energië besicht a mir konnten eis een Androck vun engem nohaltege Wunne fir méi wéi 5000 Leit am Quartier Vauban maachen.

Kulturell ass den Openthalt mat enger Visitt vun der Stad Freiburg ofgeronnt gin  – Mir  kruten e ganz interessanten Abléck an d’Geschicht vun der Stad Freiburg.