Op Visitt an der Kläranlag zu Beggen

D’Schüler vun der 6G1 haten e Méinden, 27.3.23 d’Chance, eng modern Kläranlag méi genau ënnert d’Lupp ze huelen.

Si kruten zu Beggen vill interessant Informatiounen iwwert de Fonctionnement an d’Käschten, technesch Detailer a besonnesch och Rotschléi, wat an eng Toilette gehéiert a wat NET!

Mir soen eisem Guide, dem Här Ley (e fréiere Schüler vum Emile Metz) villmools Merci.