Um Bikeday vun der LASEL

Um 26.Oktober ware Schüler vum LPEM mam Här Guignard a mam Här Welter op de Bikeday vun der LASEL. Am Bikepark Boy Konen konnten t’Schüler hier Fäegkeeten um Mountainbike weisen a verbesseren.

Trotz dem Reen war bäi alle Schüler déi gutt Laun um Programm. Op 12 verschiddenen Statioune gouf dem Ree getrotzt, an zum Schluss gouf gebotzt.