EU4YOU(TH): Europa am LPEM

E Freiden, 10. November gouf d’Wanderausstellung „EU4YOU(TH)“ a Presenz vun der Madamm Tilly Metz, Lëtzebuerger Europadeputéiert, vun der Madamm Anne Calteux, Repräsentantin vun der Europäescher Kommissioun, vun der Madamm Tiziana Tamborrini, EU-Klimabotschafterin, vum Här Pascal Thill, Direkter am „Lycée Privé Emile Metz“, vum Här Florent Schennetten, Koordinator vum Projet „École Ambassadrice du Parlement Européen“ am LPEM  a vu ville Schüler.innen vun den héijen nationalen an  engleschsproochege Klassen a vu ville Proffen, ageweit.

D’Wanderausstellung gouf vun der Lëtzebuerger Vertriedung vun der Europäescher Kommissioun an Zesummenaarbecht mam Europaparlament am Kader vum Europäesche Joer vun der Jugend konzipéiert. 

D’Ziel vun der Ausstellung ass et, unhand vu 6 spillereschen an interaktiven Tafele, d’Schüler doriwwer ze informéieren, wéi d’ Europäesch Union entstanen ass, wéi seng Institutioune funktionéieren, wéi eng Rolle Lëtzebuerg innerhalb vun der EU spill, wéi d’ participativ Demokratie an Europa fonctionéiert, wat de “Green Deal” fir Europa bedeit, wéi dat digitaalt Europa fonctionéiert a wéi eng europäesch Jugendprogrammer et ginn. 

No den offizielle Begréissungswierder an Erklärungen iwwert d’Ausstellung, den historesche Kontext, d’Zukunftsaussiichte vun der EU an aktuell europäesch Themen huet eng ganz lieweg Diskussioun tëschent den dräi invitéierte Gäscht an de  Schüler stattfonnt. Duerno konnten d’Schüler d’Ausstellung kucke goen a kruten och d’Méiglechkeet, duerch ee VR-Brëll an déi virtuell Welt vum „Pollinator Parc“ anzedauchen a sech um „Together.eu“ Infostand zousätzlech iwwer d’Europäesch Union a seng Institutiounen ze renseignéieren a sech Dokumenter ze beschafen. 

Well den Dag drop, de “Nationalen Dag vum Bam” hei zu Lëtzebuerg ustoung, krut jiddwereen eng Postkaart mat Som, fir doheem e Bam ze planzen. 

De ganzen Event an d’Participatioun un der Wanderausstellung goufen am Kader vun der „École Ambassadrice du Parlement Européen“ organiséiert, een Titel deen de Lycée Privé Emile Metz zantter 2018 dréint an zanterhier all Joer duerch divers schoulesch Aktivitéiten am europäesche Kader confirméiert.  

On Friday 10 November, the travelling exhibition “EU4YOU(TH)” was inaugurated in the presence of Mrs Tilly Metz, European Deputies from Luxemburg, Mrs Anne Calteux, representative of the European Commission, Mrs Tiziana Tamborrini, EU Climate Ambassador, Mr Pascal Thill, Director of the “Lycée Privé Emile Metz”, Mr Florent Schennetten, coordinator of the European Parliament Ambassador School Programme (EPAS) project at the LPEM and numerous national and international high school students and teachers.

The travelling exhibition EU4You(th) was created as part of the European Year of Youth by the European Commission Representation in Luxembourg in cooperation with the European Parliament Office in Luxembourg. The aim of the exhibition is to use 6 playful and interactive panels to inform pupils about how the European Union came into being, how its institutions work, what role Luxembourg and Luxembourg City play in the EU as the European capital, how participatory democracy works in Europe, what the Green Pact for Europe means, how digital Europe works and what European youth programmes are on offer. 

After the official welcoming words and explanations about the exhibition, historical background, prospects of the EU and current European issues, a very lively discussion followed between the three invited guests and the students.  Afterwards, the participants visited the exhibition, were given the opportunity to immerse themselves in the fictional world of “Pollinator Parc” using VR glasses and were also able to find out more about the European Union and its institutions and obtain documents at the “Together.eu” information stand.

As the following day was “National Tree Day” in Luxembourg, all participants received a postcard with seeds to plant a tree at home.

The inauguration and the participation in the travelling exhibition were organised as part of the activities as European Parliament Ambassador School, a title that the LPEM has been holding since 2018 and the schools confirms this title every year through various school activities in a European context.

Video:

EU4YOU(TH): Europa am LPEM