Fairtrade-Moieskaffi am LPEM

Den 08. November huet de LPEM enger Rei vu senge Schüler/innen openeits ee Fairtrade-Moieskaffi offréiert.

Dëst Joer waren et d‘Schüler/inne vun de 7men a vun den héijere Klasse vun Dummeldeng a vun Déifferdeng (esou z. B. d‘4men), déi am Restaurant scolaire an de Genoss vun engem ofwiesslungsräiche Buffet koumen, wou hinne Produiten aus dem fairen Handel (Müsli, Uebst, Gebeess, Schockelasbotter, Kakao…) an och aus lokalem Ubau an Handel (Brout, Jus, Mëllechproduiten ewéi Jughurten…) ugebuede goufen. Dobäi ass et drëms gaangen, si souwuel fir de fairen Handel ze sensibiliséieren, ewéi och als Schoulgemeinschaft ee flotte Moment ze verbréngen.

D’Mme Florence Plet-Vincioni vu Fairtrade-Lëtzebuerg huet äis dank enger kuerzer, flotter an informatiounsräicher Presentatioun an d‘Aktivitéite vun der Organisatioun agefouert, ier mir zesumme fir de Moieskaffi un de Buffet goungen. De LPEM hëlt säit zwee Joer um Programm Fairtrade School deel. Eise Moieskaffi ass dobäi ee vun de beléiftsten Highlights.