Den LPEM bei de Luxskills

Vum 24.  bis de 26. Oktober hu Schüler an och ee fréiere Schüler vum LPEM um Luxskills deelgeholl,  e Concours, wou jonk Handwierker hiert Kennen ënner Beweis stellen. Dëst war den éischten Optakt vun de Luxskills, woubäi déi beschten Handwierker d’Méiglechkeet kréie Lëtzebuerg op den Euroskills a souguer op de Worldskills ze vertrieden. Eng zweet Sessioun wäert am Mäerz stattfannen.

Vun eis ugetruede sinn ënner anerem:

  • Tom Zeimetz: Constructeur métallique (1.Präis)
  • David Da Costa de Oliveira: Constructeur métallique (2.Präis)
  • Sven Boos: Constructeur métallique (3.Präis)
  • Kim Rota: Constructeur métallique (4.Präis)
  • Arnaud Munisso: Ménuisier-Ébéniste (2.Präis)

Constructeur métallique

Ménuisier-Ébéniste