Interlycées “L’Afrique en 2060”

Eis international Premièresschüler vun der 1TPMG hunn de leschte Mëttwoch un enger ganz interessanter Konferenz iwwer d’Entwécklung vum afrikanesche Kontinent bis an d’Joer 2060 deel geholl. D’Organisateure vun der Asbl. Interlycées haten dofir fir hir „Matinée d’Etudes” héichrangeg Gäscht an d’Aula vum Athénée invitéiert. 🦉

D’Themen, déi ugeschwat goufen, waren: „D’Afrikanesch Unioun an den Agenda 2063: D’Afrika, wat d’Afrikaner sech wënschen.”, „D’Europäesch Unioun an d’Afrikanesch Unioun”, an „D’Kooperatioun tëschent Lëtzebuerg an Afrika”. Besonnesch an der leschter gutt Hallefstonn huet e ganz liewegen Echange tëschent de Schüler an den Intervenante stattfonnt, wou vill Froen e bësse „Querbeet“ gestallt a beäntwert goufen, mee, wéinst der Komplexitéit vum Thema, sinn och nach vill Froen opstoe bliwwen. 💭🤔

Eis Schüler aus dem Emile Metz, vun deene verschiddener afrikanesch Originnen hunn, goufe vun der Madamm Nadine Du Bois, hir Professesch am Fach “Education à la citoyenneté” a vum Här Florent Schennetten, hirem Mathésprofesser a Co-Fondateur vum „Interlycées” begleet. 🙌