Eise Lycée um eTwinning Seminaire iwwert kënstlech Intelligenz!

Freides de 6.Oktober, konnte mir als Schoul, virun engem Publikum aus 8 europäesche Länner (d’Belsch, Dänemark, Finnland, Island, Lëtzebuerg, Norwegen, Holland  a Schweden) eisen #Erasmusplus Projet mat der Karl Benz Schule vu Koblenz präsentéieren.

#Anefore, di lëtzebuergesch Agentur fir Erasmus+, hat Interesséierter aus europäesche Schoulen an Universitéiten, an de Novotel op der Gare invitéiert, fir de Programm eTwinning ze promovéieren. Iwwert dëse Programm kënne Schoule Kontakt ophuelen zu aneren interesséierte Schoule fir eng Zesummenaarbecht an en Austausch ze plangen an ëmzesetzen. Well mir als Schoul schonn éischt Erfarunge gemaach haten, wollte mir déi mat aneren deelen.

D‘Smart Technologie Meeschteren, Kim Risch, Gilles Krantz a Sascha Heck hunn dobäi net nëmmen eis Schoul virgestallt a Froen zum Projet, fachmännesch beäntwert, mä si konnten och e Schüler, de Charel Koenig iwwerrieden, d’Erfarungen aus der Siicht vum Schüler matzedeelen. E ganz grousse Merci un hien! Seng flott, lieweg a witzeg Präsentatioun, wäert dem internationale Publikum sécher a ganz gudder Erënnerung bleiwen!