Studierees DP3MM / DP3SC op München

 

Eis Schüler vun de Klassen DP3MM an DP3SC sinn dëst Joer op eng flott Studierees mat Destinatioun München gaangen. Um Programm stounge Visitten déi hinne gewisen hu wei d’Wëssen, dat an der Ausbildung geleiert gëtt, an der Industrie ëmgesat gëtt.

Donneschdes de 14. Mäerz ass de Bus um 5 Auer a Richtung Mannheim fort gefuer.

Déi eicht Aktivitéit vun der Rees war eng Visitt am Wierk vu John Deere.

D’Schüler hunn d’Montage vun de John Deere Traktere kënne verfollegen. Des weideren hunn se och am Detail d’Produktioun vu verschidde Baugruppe, wéi Gedriffer mat der Hierstellung vun Zännrieder, gewise kritt.

Nom Besuch vum hausinterne Musée huet John Deere nach fir d’Mëttesiessen invitéiert.

Uschléissend ass et op München gaangen.

No enger erhuelsamer Nuecht am Hotel Ibis City stoung déi zweet grouss Visitt um Programm.

Um 8 Auer si mir op Augsburg gefuer. Bei MAN Energy Solutions si mir dunn an en Domaine era komm, de schonn ganz speziell ass. D’Welt vun de Schëffsmotoren. Hei hu mir praktesch all Etapp vun der Hierstellung vun esou enger Maschinn gewise kritt. Ugefaange vum Usinage vum Motorblock, iwwert d’Produktioun vun den Turbolader an dem Montage vun de Motore bis zum Testlaf um Préifstand.

 

 

Nodeems de Grupp erëm zou München ukomm war, ass et  viru gaangen  mat enger Brauereivisitt an der Spaten Franziskaner Brauerei. Hei hu mir de Brauprozess erkläert, an uschléissend déi imposant Fläschenoffëllanlag gewise kritt. Duerno ass den Owend mat engem Owesiessen am Augustiner Bräustuben ausklénge gelooss ginn.

De leschten Dag stoung dunn nach eng Visitt am Deutschen Museum um Programm.

Hei hunn d’Schüler, am dem a ville Beräicher renovéierte Musée, en Abléck an d’Loft a Raumfahrt, d’Landwirtschaft, d’Automatiseierung oder och d’Medezin kritt.

 

 

 

No enger roueger Heemrees, ass de Grupp dann erëm Samschdes Owes am Emile Metz ukomm.

En décke Merci un eis Elterevereenegung an eis Direktioun fir hir Ënnerstëtzung!