Olympiad LPEM: Et geet em d’Handwierk an d’Industrie!

Vum 15.-19. Abrëll 2024 sinn um Site LPEM Dummeldeng, 38 Schülerinnen a Schüler aus dem 2te Léierjoer, handwierksiwwergräifend géinteneen ugetrueden.

D’Zilsetzung war dobäi, d’Handwierk ze valoriséieren, an dem Handwierk de Stellewäert an der Gesellschaft ze ginn, deen et verdéngt.

Den Challenge fir eis Schülerinnen an d‘Schüler war et, an enger Konkurrenzsituatioun, a 16-20 Stonnen am Atelier, hire Projet no engem “cahier de charges” mat ganz genaue Virgaben ze realiséieren.

Esou wéi an hirem spéidere Beruffsliewe sollten si a eng Situatioun kommen, an der si an engem gewëssenen Zäitfënster mussen eppes liwweren.

Matgemaach hunn d’Ausbildungen an de Beräicher:

  • Schräinerei
  • Electro Technologies
  • Zerspanungsmechanik
  • Schlässerei
  • Industriemechanik

D’Gesamtgewënner wäerte vun enger Jury aus der Direktioun, Enseignanten a Meeschtere vun de jeeweilege Formatioune bestëmmt ginn.

Follgend Präisser ginn de 4. Mee op eiser Porte-ouverte um 12:00 feierlech iwwerreecht:

  1. Präis = e neie Laptop
  2. Präis = e neien iPad
  3. Präis = en Akkuschrauwer an eng Killtäsch

All Participant, deen iwwer 75% erreecht, kritt e Bong vun 100€ als Trouschtpräis.