D’EU-Super-Wal-Kiermes am LPEM!

Europa, Spill, Freed a séisse Popcorngeroch am Haff vum LPEM

D’EU-Super-Wal-Kiermes vum Zentrum fir politesch Bildung (ZpB) huet den Donneschden, 18. Abrëll säin Zelt bei eis am Lycée Privé Emile Metz am Schoulhaff opgeschloen. D’Aktivitéit gouf am Kader vun eisem Statut als “Ecole Ambassadrice du Parlement Européen” fir d’Klasse vum Uewergrad proposéiert.

Unhand vun dräi ënnerschiddlechen “Attraktiounen” goufen eis Schülerinnen a Schüler motivéiert, sech iwwer europäesch Themen auszetauschen an auszedrécken. Si sollten niewent der Sensibiliséierung fir d’EU-Walen och e wäertvolle Complement zu eiser schoulescher Offer an e Supplément zur Festigung vun de Wäertvirstellungen hei zu Lëtzebuerg an an der EU, déi vun der “Charte européenne des droits fondamentales de l’homme” resuméiert ginn, duerstellen.

D’Attraktioun “Intefëschen” huet zum Beispill eis Schülerinnen a Schüler animéiert, iwwer EU-Themen nozedenken an Iddien z’entwéckelen, wéi een déi jeeweileg Erausfuerderung am Beschte meeschtere kéint.

Beim “Glécksrad” kruten si Froen zu hirer Positioun an hirem Engagement gestallt, ob a wéi een déi politesch léise kéint a wéi si selwer zur Léisung bäidroe kéinten, bzw. wéi wäit si selwer motivéiert wieren sech z’engagéieren, fir zur Léisung bäizedroen.

Ganz vill Freed huet hinnen och d’ “Dousewerfen” gemaach, wou si engersäits d’Grondlage vun der Demokratie hu mussen opstellen an anersäits hir “Kreatioun” och am Gläichgewiicht halem missten. Dëst sollt d’Schülerinnen a Schüler stimuléieren, sech hiren eegene Prioritéiten am Bezuch zur Demokratie an den europäesche Wäerter méi kloer ze ginn.

Als Belounung krut all d’Schülerin a Schüler, zum Schluß frëschgemaachte Popcorn, deen si sech riedlech verdéngt haten.

Villmools Merci de Professeren, déi hir Klasse begleet haten, notamment d’Dammen Nadine DuBois a Brigitte Ley an d’Häre Stéphane Bläser, Nico Depalo, Dan Durbaca, Dejan Gajic, Pierre Hellmann, Serge Kater, Gilles Krantz, Jim Muttesch a Joe Warling.

E besonnesch grousse Merci gëllt den Animateure vum ZpB an der Madamm Rabea Effelsberg, vum Europaparlament, déi eis Schüler de ganze Schouldag iwwer, tëschent 8h05 a 16h10 Auer mat vill Engagement an Ausdauer encadréiert hunn.

Et war eis als LPEM och eng Freed als Feedback ze héieren, wéi begeeschtert d’Animateure vum Engagement an der Héiflechkeet vun eise Schülerinnen a Schüler waren.

E Schouldag mat ganz villen zefriddene Gesiichter op alle Säiten.