Eis 1TPSTC bei der Creos zu Beetebuerg.

D’Schüler vun der1TPSTC aus dem Lycée Privé Emile Metz sinn den Dënschden, 16. Abrëll zesumme mat hire Professeren, d’Häre Gilles Krantz a Florent Schennetten,  de Stroumnetzer- an Ergasbedreiwer “Creos Luxembourg S.A.” um Site vun hirem Dispatching-Center zu Beetebuerg besiche gaangen.

D’Visiteure kruten do vun den Häre Paul Hulten, Serge Schaefer a Roland Zeimes erkläert, wéi den Transport an d’Verdeelung vum Stroum a vum Gas an eisen Netzer funktionéiert, wéi si iwwerwaacht a wat fir Démarche geholl ginn, wann eng Panne festgestallt gëtt.

No engem gemeinsame Mëttegiesse sinn d’Technikerschüler an de Smart-Technologies weider op Schëffleng gefuer, fir sech op der Plaz de Fonctionnement vun engem vun de siwe Stroumverdeelerparken hei zu Lëtzebuerg ukucken an erklären ze loossen. Dëse Part huet hire Professer, den Här Gilles Krantz selwer iwwerholl. Hien hat, éi hien an den Enseignement gewiesselt war, 17 Joer fir d’Firma Creos geschafft gehat a villes, initiéiert, mat opgebaut a begleet. Deementspriechend konnt den Här Krantz senge Schüler ganz vill technesch Informatiounen iwwer d’Anlagen um Site weisen – dacks agepaakt mat der enger oder der anerer Anekdot, wat d’Visitt vum Verdeelerpark nach méi liewege gemaach huet.

Dës ausserschoulesch Aktivitéit war fir d’Schüler vun der Ofschlossklass a fir hir Begleeder eng flott a wäertvoll Erfarung. Effektiv konnt d‘Vernetzung vun theoreteschem a prakteschem Wëssen, déi  d’Schüler sech wärend hirer véierjäreger Ausbildung a wärend hire Stagen uneegne konnten, duerch d‘Visitt nach besser mat de Realitéiten um Terrain vernetzt ginn.