Moieskaffi fairtrade!

Et ass am Kader vum Projet Fairtrade Schoul, datt de LPEM de Schüler/innen vum Cycle inférieur (7e, 6e a 5e) den 09. November vun 0815-09:50 ee Moieskaffi mat Produiten aus dem fairen Handel (och nohaltegem, biologeschem a lokalem Ubau) offréiert huet. Et ass dorëms gaangen, den Dag als Schoulgemeinschaft zesumme gutt unzefänken, iwwert eis Konsum- an Iessgewunnechte respektiv hir sozial Konsequenzen nozedenken, an d’Uleies vum fairen Handel an enger gesonder Ernierung ze ënnerstëtzen.

Dëse Moieskaffi fairtrade ass dank dem remarkabelen Asaz vun eiser Equipe am Restaurant scolaire, déi de Schüler/innen ee formidabele Buffet zesummegestallt huet, an dank eiser Direktioun souwéi den Enseignanten, déi mat de Schüler/innen an de Genoss vun dësem Buffet koumen, ee vollen Erfolleg gewiescht. D’Stëmmung war super!

Des Weideren si mir ganz frou doriwwer, datt och d’Mme Silvia Monteiro vuFairtrade Lëtzebuerg dobäi war an äis duerch hir Presenz a wäertvoll Wierder fir de Fairtrade sensibiliséiert respektiv motivéiert huet. Enfin ee grousse Merci och un d‘Leit vun RTL Lëtzebuerg fir hir Bereetschaft, dës Initiativ mëttels engem Reportage ze ënnerstëtzen.

De Moieskaffi fairtade am LPEM weist, datt mir eng Fairtrade Schoul sinn an datt mir och alles dru setzen, fir deem gerecht ze ginn.