Futsal Tournoi am Athenée

Um 27. Oktober war eng Equipe vun dem LPEM an den Athenée fir um Futsal Tournoi vun den Seniors deel ze huelen. Si goufen vum Här Guignard begleet an hunn Matcher géint Equippen vum LBV, EPFL, ECGL an AL gespillt. Wärend si géint den AL en Gläichspill eraus huelen konnten, sinn di aner Matcher verluer gaangen. Trotzdem war et en schéinen, sportlechen Nomëtten wéi se während der Pandemie leider gefeelt hunn.