LPEM goes Europe!

D’Juniorbotschafter vum Europaparlament aus dem Lycée Privé Emile Metz hunn de Freiden, 21. Abrëll un der transnationaler Botschafterkonferenz zu Eupen (Belsch) deelgeholl. Wärend dem Dag stoungen fir d’Schüler aus der Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg munch Kenneléier/Networking-Aktivitéiten, Atelieren mat uschléissend Präsentatiounen an eng Diskussiounsronn mat Europadeputéiert aus der Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg um Programm.