De LPEM op der YEP! Schoulfoire

Entdeckt eis flott Stänn an Atelieren op der YEP! Schoulfoire

Dir sidd häerzlech agelueden, eis op der 𝐘𝐄𝐏! 𝐒𝐜𝐡𝐨𝐮𝐥𝐟𝐨𝐢𝐫𝐞 ze besichen: dëse Méinde bis e Mëttwoch vun 8:30 bis 16:30 an der 𝐇𝐚𝐥 𝟗, 𝐚𝐧 𝐝𝐞𝐫 𝐋𝐮𝐱𝐞𝐱𝐩𝐨 𝐓𝐡𝐞 𝐁𝐨𝐱.

Op enger Fläch vu 17.000 m2 verdeelt op dräi Halen dréit sech d’YEP ! Schoulfoire ëm fënnef Haaptachsen:

➤ d’Lëtzebuerger Lycéeën,

➤ de Ministère, seng Servicer, Administratiounen a Projeten,

➤ de Léierplazendag,

➤ d’LuxSkills

➤ an Entdeckungs-Atelieren.

Mir freeën ons Iech ze begéinen an Iech eise Programm kënne virzestellen! Hei kënnt Dir och alleguer d’Informatiounen zu eisem neie Site zu Déifferdeng kënne leieren.