En neie Site fir de LPEM zu Déifferdeng

Den 20. Abrëll op enger Pressekonferenz mam Educatiounsminister Claude Meisch, mat der Buergermeeschtesch vun der Stad Déifferdeng Christiane Brassel-Rausch a mam Direkter vum Lycée privé Emile Metz Pascal Thill, ass de 𝐧𝐞𝐢𝐞 𝐒𝐢𝐭𝐞 𝐯𝐮𝐦 𝐋𝐏𝐄𝐌 𝐳𝐮 𝐃𝐞́i𝐟𝐟𝐞𝐫𝐝𝐞𝐧𝐠 virgestallt ginn. 📣🙌

Fir d’Rentrée 2023/2024 ginn um neie Site dräi Formatiounen aus der 𝐅𝐨𝐫𝐦𝐚𝐭𝐢𝐨𝐧 𝐏𝐫𝐨𝐟𝐞𝐬𝐬𝐢𝐨𝐧𝐧𝐞𝐥𝐥𝐞 an eng „ 𝐂𝐥𝐚𝐬𝐬𝐞 𝐝’𝐢𝐧𝐬𝐞𝐫𝐭𝐢𝐨𝐧 𝐩𝐨𝐮𝐫 𝐣𝐞𝐮𝐧𝐞𝐬 𝐚𝐝𝐮𝐥𝐭𝐞𝐬 “ ugebueden:

👉Den Diplôme de Technicien (DT) an der Informatik (DTIFI)

👉Den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) fir Zerpanungsmechaniker (DPMFI)

👉Den Diplôme d’aptitude professionnelle (DAP) an der Elektro-Technik (DPETI)

Mat dëse Formatioune well de Lycée privé Emile Metz de Besoinen am Secteur entgéint kommen. D’Schoul wäert och op dësem Site hire „𝐌𝐈𝐍𝐓“-𝐊𝐨𝐧𝐳𝐞𝐩𝐭 weider ausbauen, a konzentréiert sech dowéinst och hei op Mathematik, Informatik, Naturwëssenschaften an Technik. 🔬🧮🧪

All d’Formatioune gi komplett op 𝐄𝐧𝐠𝐥𝐞𝐬𝐜𝐡 ugebueden. 🇬🇧

An enger weiderer Phase, sollen nach zousätzlech Infrastrukture gebaut ginn, fir bis zu 700 Schüler ze empfänken. 👍

De Minister Claude Meisch souwuel wéi d’Buergermeeschtesch Christine Brassel-Rausch si ganz houfreg op dësen neie Projet a freeën sech, dass de LPEM sech och elo zu Déifferdeng nidderléisst. D’Schoulpersonal vum Lycée Privé Emile Metz freet sech ob dësen neie Challenge a kuckt mat Zouversiicht an d’Zukunft. 💪