Eis Minientreprise am Shopping Centre Belle Étoile

D’Mini-Entrepreneure vun ‘Emile Metz Production’ hun de Freiden, 3. Mäerz an de Samschden, 4. Mäerz bei der « Vente en commun » am Shopping Centre « La Belle Étoile » zesumme mat iwwer 70 anere Minientreprisë matgemaach.

Wärend dëse béiden Deeg konnten si munch vun den Artikelen, déi si mam 3D-Drucker am mam Laserfräser hiergestallt hunn, verkafen, bzw. personaliséiert Bestellungen ophuelen. Desweider un déi jonk Entrepreneure Këssen a Fläschesäk verkaf, déi vun der Dikrecher Kënschtlerin Claude Rosch designed goufen.

Nirwend dem Verkaf hunn sech déi technesch verséiert Schüler aus dem Emile Metz immens iwwert de groussen Interesse vun de Leit an iwwer munch neie Kontakt gefreet.