Semaine des langues 2023

Och dëst Joer wäert de Cycle inférieur vum LPEM vum 2. bis de 5. Mee 2023 ganz am Kader vun der Semaine des langues stoen.
Op der 7e kënnen d’Schüler hir Helden a Virbiller duerch eng Graphik Novell entdecken. Dozou gëtt dann e Leporello erstallt. Ausserdeem léieren si den Arsène Lupin, den Gentleman-Cambrioleur vum Maurice Leblanc kennen.
Op der 6e steet alles am Zeeche vum Radio, dh d’Schüler gestalten an Zesummenaarbecht mam Radio ARA eng Radiosendung, maachen Interviews a léieren d’Technik hannert enger Radiosendung kennen. Spéiderhi soll dës Radiosendung och ausgestraalt ginn.
Op de 5e-Klasse ginn 3 verschidde Workshoppen ugebueden. Mam Marie- Paule Greisch, Martine Hartmann a Marc Bonert léieren d’Schüler Theatertechnike kennen. Am zweete Workshop ginn d’Kanner un d’Konscht vum Manga erugefouert. Do wäert de Claudio Sogro Valentino den Atelier leeden. Am drëtte Workshop kënnt de MAZ an d’Schoul an erkläert de 5e- Schüler Technike vum Rappen a Beatboxen.
Menü “Semaine des langues”
Och de Schoulrestaurant wäert dës Woch am Zeechen vun der Villfältegkeet stoen. All Dag gëtt eng Spezialitéit aus engem vun den Nopeschlänner ugebueden.