Studierees DP3MM

Nodeems 2020 an 2021, covidbedéngt, keng Studiereesen gemaach sinn ginn, an 2022 eng verkierzten Rees um Programm war, konnten d’Schüler vun der DP3MM dëst Joer endlech erëm d‘ganz Vilfalt vun enger richteger Studierees genéissen.

An dës Rees huet dunn och vill gebueden.

Donneschdes den 2. Mäerz ass um 6 Auer mam Ziel Rastatt gestart ginn. Dësen éischten Dag stoung ganz am Zeechen vum Automobil. Zou Rastatt gouf et eng interessant Visitt vum Mercedes-Benz Rastatt Wierk. D’Schüler hunn de Karosseriebau an d’Endmontage vun der A- an B- Klass, souwéi dem GLA gewisen kritt.

No engem Picknick, den vun der Elterevereenegung gestëft ginn ass, stoung Mëttes de Musée Nationale de l’Automobile zou Mulhouse um Programm. Do konnten d’Schüler beandrockend Gefierer, insbesonnescht Bugattien, aus der Geschicht vum Automobil bewonneren.

Iwwert d’Schwäiz ass et duerno op Konstanz um schéinen Bodensee gaangen.

No enger erhuelsamer Nuecht am Hotel Ibis Konstanz gouf et den zweeten Dag erëm Fréibiren.

Um 7 Auer ass et Richtung Ehingen gaangen. Bei Liebherr Ehingen war dann wuel den Highlight vun dëser Studierees. De fréieren leedenden Entwécklungsingenieur huet eis d’Produktioun vun Liebherr Mobilkraner gewisen.

D’Schüler hunn all eenzel Etapp, vun der Schweesskonstruktioun, iwwert d’Lackéierung bis zur Endmontage, gewisen, an erkläert kritt.

Gewisen gouf déi ganz Gamme, déi vum 35 Tonnen All-Terrain Kran bis zum 3000 Tonnen Raupenkran geet.

Nodeems de Grupp erëm zou Konstanz ukomm war, ass den Owend mat enger Brauereivisitt an engem Owesiessen am Joh. Albrecht Brauhaus auskléngen gelooss ginn.

 

De leschten Dag stoung dunn ganz am Zeechen vun der Loftfaart mat Visitten am Zeppelin- an am Dornier Musée.

Den Dag ass awer mat enger Faart mam Katamaran „Fridolin“ vun Konstanz op Friedrichshafen ugaangen.

Am Hafen vun Friedrichshafen hunn eis Schüler dunn am Zeppelin Musée déi passionant Geschicht vun dësen groussen Loftschëffer kënnen entdecken.

Fir déi lescht Etapp ass mam Bus bei den Dornier Musée gefuer ginn.

Dëse klengen awer feinen Musée weist d’Geschicht vum Fligerhiersteller Dornier, den säin Ursprong zou Friedrichshafen hat.

No enger roueger Heemrees, ass de Grupp dann erëm Samschdes Owes am Emile Metz ukomm.

En décke Merci un eis Elterevereenegung an eis Direktioun fir hir Ënnerstëtzung!