Eis grouss Porte Ouverte…e grousse Succès!

E Samschden, de 4. Mee war bei eiser grousser Porte Ouverte nees vill lass.

Bei beschtem Wieder si vill Famillje mat hire Kanner sech eise Lycée ukucke komm. Dobäi konnten si sech net nëmmen  dovun iwwerzeegen op wéi engen héije Standard eis Atelieren, de Makerspace, Fitness, Jugendtreff a Mediathéik sin, si konnten och materliewen, wéi eis Schoulcommunautéit zesummeschafft fir e flott Fest mat Iessen, Gedrénks an Animatioun op d’Been ze setzen.

Et si Workshoppen organiséiert ginn, eis 3D Drecker sinn waarmgelaf an eis Schülerinnen a Schüler konnten den Interesséierte Fro an Äntwert stoen.

Di festlech Präisiwwerreechung vun eiser Handwierkerolympiad war secher en Highlight, encadréiert vun der Musek vun eiser MetzeBand an engem Buffet.

E grousse Merci un all Leit di matgehollef hunn!

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

  D’Gewënner vun eiser Handwierker Olympiad!