D’LuxSkills op der YEP Schoulfoire

De 24 Abrëll goufen d’Präisser vun de LuxSkills 2024 op der YEP Schoulfoire iwwerreecht.

De Lycée Privé Emile Metz gratuléiert 13 Schüler, déi vir 7 Beruffer deen Dag um Podium stoungen. Ënnert eise Schüler wor zum Beispill de Rolf Ahrensbach, deen sech géint eng grouss a staark Konkurrenz am Web Developpement duerchgesat huet an eng stolz drëtt Platz ergattert huet.

E grousse MERCI all deene Meeschteren an Enseignantë, déi d’Schüler esou staark wärend hirer Ausbildung encadréiert hunn.