E neie Projet an eisem Erasmus+ Programm

Dës Woch begréisse mir ganz häerzlech äis Partnerschoul “Carl Benz Schule Koblenz” hei zu Lëtzebuerg fir ee weideren Erasmus+ Projet.

32 Schüler a Schülerinne schaffen zesummen un intelligenten Auto’en, déi mathëllef vu Mikrokontroller gestéiert ginn.
Dës Kéier hu mir d’Schüler an hirem éischte Léierjoer vun der Ausbildung “Smart Technologies” (4TPST) agebonnen, sou dass dëst hiren éischte Kontakt mat dëser Technologie ass.

Fir déi sozial a kulturell Kompetenzen ze fërderen, ergänze mir dëse Projet mat interessanten Dagesausflich hei zu Lëtzebuerg.

Mir freeën äis op d’Resultater!