Köln: Eis 6ièmen op Studierees

Méindes, den 13.5 si mer mat eise 6ièmen op Köln gefuer. Op eisem Programm stoung eng Rallye duerch de Kölner Zoo, wou eis Schülerinnen a Schüler, Froen iwwert ganz aussergewéinlech Déier beäntwerte konnten a Selfië mat dësen Déiere maache sollten. No 4 Stonne bei beschtem Wieder hu mer zesummen an der Jugendherberg zu Owes giess.


Duerno huet en Deel vun de Schülerinnen a Schüler Basket, respektiv Fussball gespillt di aner hunn e romantesche Spadséiergang bei de Rhäin gemaach an de Sonnenënnergang mat de Féiss am Waasser genoss!

 

…am Rhäin😃

Dënschdes moies si mer zesumme mat der U-Bahn bei de Kölner Doum gefuer an hunn eng interessant Mëttelalter Tours duerch d‘Stad gemaach. Nomëttes stoung de Schockelasmusée um Programm an Owes konnte mer zesummen de leschte Rescht Energie bei enger flotter Partie Bowling verschwenden.

…op der Mëttelalter Tours duerch Köln!

 

…am Schokelasmusée

…an Owes beim Bowling🎳

Mëttwoch, nodeems d‘Zëmmere geraumt a gebotzt waren, si mer mam Bus Richtung Lëtzebuerg gefuer, an hunn dobäi nach e Stopp bei der Buerg Eltz ageluecht, eng vun de schéinste Buerge vun Europa!

Alles an allem, en aussergewéinlechen Ausfluch den eis alleguer a wonnerbarer Erënnerung bleiwe wäert!