Eis 7ièmen um Stauséi
Virun der Péngschtvakanz haten eis 7ièmen d’Chance, en immense flotten Ausfluch op Lëlz ze maachen. Passend zou eiser MINT-Themewoch “Waasser” si mir zesumme mat hinnen un de Stau gefuer, fir Aktivitéiten an, a ronderëm d’Waasser ze maachen.
Eis Schülerinnen a Schüler ware begeeschtert iwwert Kajak a Mountainbike fueren, si hu Waasser iwwert eng Slackline transportéiert, a geléiert mat Waasser Feier ze maachen, an eng cool Choreographie ze danzen! Owes beim Lagerfeier konnten si hiert ‘Stockbrot’ baken a Marshmallows grillen😃.
En absolutten Highlight war de Start vun eisem Stratosphäreballon mat ‘Waasser’-Experimenter fir den esouguer e Kamerateam vun RTL ugereest war.
No 2 Nuechten an der Jugendherberg si mer zesummen op Maarteleng an de Schiefermuseum gefuer wou jiddereen nach selwer konnt eng Lee schneiden an e Kaddo fir Mammendag maachen.
Merci un di vill Leit di gehollef hunn, a besonnesch un eis Direktioun, déi eis ëmmer bei dëse, pedagogesch wichtegen Aktivitéiten ënnerstëtzt!

22.05.2024 Base nautique: Kajak a Mountainbike




Owes, nom Sport: Quiz a Wichtelspill, Lagerfeier!



23.05.2024 Rallye roderëm de Stauséi

Slackline


Mat Waasser Feier machen

De Strathosphäre Ballon!



Owes, no engem flotten Dag, SCHWAMMEN…an DANZEN!




24.05.2024 Am Schiefermuseum











