De Gabelstapler Führerschäin am LPEM!

Och dëst Joer kennen eis Schülerinnen a Schüler erëm bei eis am Lycée de Permis fir de Gabelstapler maachen. No engem theoreteschen Deel vun 8 Stonne mat Ofschlosstest kennt de spannenden an usprochsvollen prakteschen Deel, wou si hiert Geschéck an hier Fuerkënscht beweise mussen. Mam erfollegräichen Ofschloss hunn eis Schülerinnen a Schüler dann en offiziellt Dokument am Grapp, dat 5 Joer gëlteg  ass an sech ganz gutt an hierem CV mécht.