Studierees 1TPMG / 1TPMGI op Stuttgart
Nodeems d’Schüler vun der 1TPMG an der 1TPMGI wärend der Woch nach an den Epreuvë vum Projet Intégré Final (PIF) engagéiert waren, gouf d’Schouljoer dunn de Weekend mat enger flotter Studierees esou richteg ausklénge gelooss.
Samschdes, den 8. Juni, si mir a Richtung Speyer gestart.
Ziel war den Technikmuseum. En absolutte Klassiker wou d’Schüler interessant Oldtimer, beandrockend Fligeren, an divers aner Exponaten, wéi zum Beispill U-Booter bewonnere konnten. Ausgesprachen interessant war och nach déi grouss Ausstellung iwwert d’Raumfaart.
Nodeems mir am Hotel B&B Stuttgart City agecheckt haten, si mir mat der U-Bahn an den Zentrum vu Stuttgart gefuer, wou dunn Sightseeing a Shopping um Programm waren.
Nom Musée huet de Bus eis dunn op de Bopser bei d’Wahrzeechen vu Stuttgart, de Fernseetuerm bruecht. Och wann et verschidde Leit e bëssen Iwwerwannung 😃 kascht huet op dat 216,6m héicht Gebai ze fueren, war dunn awer schlussendlech jiddweree begeeschtert vun der Vue déi een op der Aussiichtsplattform op 152,8m huet.
Den Nomëtte konnt dann individuell genotzt ginn, a vill Leit hunn dunn dovu profitéiert och nach de Porsche Musée ze besichen.
Owes ass den Dag am Brauhaus Lautenschlager bei engem gemeinsamen Iessen ausklénge gelooss ginn.
Méindes war dunn leider schonn erëm de leschten Dag vun der Rees ugesot.
D’Schüler hunn all eenzel Etapp, vun der Schweesskonstruktioun, iwwert d’Lackéierung bis zur Endmontage, gewisen, an erkläert kritt.
Gewisen gouf déi ganz Gamme, déi vum 35 Tonnen All-Terrain Kran bis zum 3000 Tonnen Raupenkran geet.
An der Mettesstonn huet Liebherr eis nach fir d’Mëttesiessen invitéiert. Uschléissend ass et dunn definitiv erëm zeréck op Lëtzebuerg gaangen.
En décke Merci un eis Elterevereenegung an eis Direktioun fir hir Ënnerstëtzung!