Carl Benz Schule Koblenz: Ofschloss vum Erasmus+ Projet
No enger spannender Woch goung eisen Erasmus+ Projet mat eiser Partnerschoul “Carl Benz Schule Koblenz” leschte Freideg op en Enn.
Bei engem Race sinn déi verschidden Teams géinteneen ugetrueden, a konnten hier selwer opgebauten intelligent Auto’en ënner Beweis stellen. Nieft dësem spannende Challenge goufen d’Kreativitéit, Programmatioun an den Teamgeescht bewäert.
All Teams si mat flotte Präisser fir hier Engagement belount ginn! D’Gewënnerteam kann sech mam éischte Präis, enger Intelligenter Drohn glécklech schätzen!
Mir felicitéieren de jonken Talenter, a soen alle Bedeelegten an Organisateure villmools Merci fir dës erfollegräich Woch!
An unsere Kollegen der Carl Benz Schule Koblenz: Vielen herzlichen Dank an das gesamte Team für die Organisation dieses spannenden Wettbewerbs! Danke an alle Schülerinnen und Schüler für diese aussergewöhnlichen Leistungen! Wir freuen uns auf das nächste Erasmus+ Projekt!