Diplomiwwerreechung vum Éischthëllefscours

Wéi all Joer kruten och dëst Joer, eis Schülerinnen a Schüler vun de 5ièmen en Éischthëllefscours ugebueden.

Si maachen dëse Cours, den 8 Wochen dauert, op fräiwëlleger Basis, no hiren normale Schoulstonnen. Mir sinn immense frou ze gesinn, wéi vill jonk Leit sech an hirer Fräizäit engagéieren fir mat vollem Seriö eppes Wichteges fir eis Gesellschaft ze maachen. Si kenne stolz op sech sin.
Gëschter war d’Diplomiwwerreechung, bei där d’Absolventinnen an d’Absolvente vum Direkter perséinlech felicitéiert kruten a mat engem klenge Kaddo belount goufen.