Eis 6G2 op der Lego League Challenge!

Den 23.Februar ware mir mat den 12 Schüler*innen vun eiser 6G2, de ganzen Dag um Geesseknäppchen an hunn do un der Lego League Challenge deelgeholl.

Bei dësem Event ass drëms gaang, mat engem Lego Roboter ënnerhalb 2min30s esou vill wei méiglech Aufgaben op engem Board ze léisen. Dës Aufgabe gounge vu Lego Männercher beweegen bis hin zu komplexen Hiewel Aufgaben. Am ganze waren et 3 Spillronnen an déi beschte Ronn gouf da bewäert.

D’Schüler waren ugangs net esou begeeschter wou si d’Roboter vun der Konkurrenz gesinn hunn😃.

Dat ganzt huet sech dann awer séier geluecht an d’Motivatioun esou vill ewéi méiglech Punkten ze sammele war grouss. Nieft der Lego League Challengen hunn och d’WorldSkills Competitiounen statt fonnt. D’FANUC hat och verschidde Roboter ausgestallt an d’TechAcademy war och mat engem Stand op der Platz. Do konnten eis Schüler sech bei engem Roboterrennen géigesäiteg moossen. Am grousse ganzen hu mir als Enseignanten an d’Schüler vill Erfarungen konnte sammelen a mir freeën eis dat nächst Joer rëm do mat ze maachen.