Eis DP2’en op Visite bei Kiowatt a Faymonville!

Den 28.02.2024 waren all eis DP2’en vun der Section Mécanique op Visite bei 2 ënnerschiddleche Betriber.

D’Visite huet ugefaang bei Kiowatt an der Zone Industrielle um Rouscht, wou d’Haaptaktivitéit an der Produktioun vun Holzpellets läit.

Well déi Produktioun immens energieintensiv ass, feiere si ee risegen Uewen matt Holzoffall aus Entsuergungsbetriber aus der Ëmgéigend.

Matt der Hëtzt aus dem Uewen gëtt d’Holz fir d’Produktioun vun de Pellets gedrëschent.

Matt der Reschthëtzt gëtt als niewe Produkt eng Dampturbinn ugedriwwen déi zur Hierstellung vu Stroum déngt.

 

No engem gudde Maufel goung et virun op Lentzweiler bei Faymonville, deenen hire Schwéierpunkt op der Hierstellung vu Schwéiertransportremorquen an och Selbstfahrer läit. Si sinn aktuell déi eenzeg Firma, an där Branche, weltwäit, déi eng Drolascht vu 15 bis 2500 Tonne matt hire Gefierer ubidden.

Si sinn an Europa a 4 Länner vertrueden, dat a Lëtzebuerg, Belsch, Italien a Polen.

Säit 2003 hunn si hiren Haaptsëtz op Lentzweiler an ee Modernt Wierk verluecht, wou op Commande an op Wonsch fir de Client spezial Schwéiertransportremorquen produzéiert ginn. De Groupe Faymonville beschäftegt aktuell europawäit, 1350 Leit!

Eis Schüler ware begeeschtert ze gesinn, wat si spéider matt hiren erléierten Fäegkeeten erreeche kënnen.