Eis 4 GIG bei der Missioun Asteroid

4 GIG huet am Kader vun hirer Optioun een Ausfluch an den Naturmusée am Grond gemaach.

Hei hunn si déi nei Ausstellung Asteroid Missioun kenne geleiert, wou Sie méi iwwert Asteroiden a Meteoritte gewuer gi sinn. Erkläert goufe wou déi Himmelskierper hierkommen, wat fir deen Impakt se op d’ Entwécklung vun onser Äerd haten, wat fir eng Gefore vun hinnen ausginn a wei dat ka verhënnert ginn. Donieft ass och gekuckt gi wat fir een Notzen se eventuell hunn.