2TPMG & 2TPMGI um Belval

De 24. November hate mir mat de Klassen 2TPMG & 2TPMGI d’Méiglechkeet d’Usine-École am CNFPC um Belval ze besichen. Hei konnten d’Schüler hiert theoretescht Wëssen an d’Praxis un enger industrieller Anlag ëmsetzen.

Duerno krute mir vum Fonds Belval eng immens flott Visitt vum Site um Belval selwer. Um Programm stoungen déi eenzel architektonesch Gebaier, souwéi d’Visitt vun enger vun de schéinste Bibliothéiken hei am Land an och den Héichuewe selwer.