Digital Sciences fir unzepaken: E flotten Dag um Belval fir eis 7ièmen

Mueres hate mer en interessante Coding-Workshop am “Scienteens lab” vun der Uni.lu.

D’Schüler waren all begeeschter vun deem coole Roboter.

Mëttes hate mer eng Visite vum Fonds de Belval an dem Héichuewen.

Insgesamt war et e gelongenen Ausfluch.😃