1.Wantermaart fir d’Schüler*inne mat hiren Elteren

E Freiden, 15.12. hate mir nomëttes hei am Lycée, den éischte Wantermaart. Des Première war e groussen Erfolleg!

D’Schüler*innen vun de Classes inférieures hate, mat Hëllef vun hiren Enseignante an der Equipe vum SSE, Kichelcher gebak a vill flott Kadoen am Makerspace, souwéi an den Ateliere präparéiert a verkaaft. D’Scoute ware mat waarme Käschten a Botterbéier um Terrain, d’Elterevereenegung hat Gulaschzopp, an eis Direktioun Panescher gemaach. Am Restaurant scolaire stoung Flammkuchen (mat Feieralarm 😃) um Menü. Animatiounen hunn och net gefeelt: Et konnt en Eisstock schéissen a festlech Musek vun eiser Metzeband genéissen!

De ganzen Erléis vum Wantermaart wäert un de Fonds social goen.

E grousse Merci un de Schülercomité, de Service Technique, d’Kichepersonal an un all d’Leit di gehollef hunn!