Journée découverte-Hëllef bei der Orientatioun

Den Dënschden, 19. Dezember konnten sech d’Schüler vun de 5e a 6e, de ganzen Dag iwwer, op der “Journée découverte” d’Formatiounen, déi an eisem Lycée ugebuede ginn, ukucken a sech informéieren. D’Grondiddie vun dëser Initiative, déi d’Cellule d’Orientation zesumme mat den ënnerschiddlechen Départementer zanter 4 Joer organiséiert, berout drop, datt Schüler aus de jeeweilege Formatiounen de Schüler aus den ënneschte Klassen hir Ausbildung erklären – Schüler stelle Schüler d’Ausbildung vir.  Des Weidere gëtt an de Workshops och vill Wäert drop geluecht, datt d’Schüler aus dem Ënnergrad och selwer sech bei beruffsspezifeschen Aarbechten ausprobéiere kënnen.

Ab 14.30 Auer kruten d‘Eltere vun eise Schüler awer och d‘Proffe, d‘Schüler, d‘Elteren an d‘Orienteure aus anere Schoulen, d’Méiglechkeet, déi ënnerschiddlech Workshops ze besichen an sech ee perséinlechen Androck vun der schoulescher Offer vum LPEM am Uewergrad ze maachen.