“ DART GAME 2024” an eisem Jugendtreff

Et war vill lass an eisem Jugendtreff!

Wärend zwou Wochen hunn sech aacht Equippen a siechzéng Matspiller (4 Proffen an 12 Schüler) spannend Dueller am Dart, bis zur Final, geliwwert!

Mat der Präisiwwerreechung e Mëttwoch ass den “DART GAME 2024” an eisem Jugendtreff dunn op en Enn gaang.

An der Final hunn sech d’Schüler géint d’Proffen duerchgesat an di éischt Platz verdéngt.😃👍🏻

E Grousse Merci un d’ Direktioun déi eis bei dëser Aktivitéit ënnerstëtzt huet an d’Präisser gesponsert huet an un de Marko, eisen Educateur am Jugendtreff, den des flott Aktivitéit mat vill Enthusiasmus organiséiert huet.