Eis Ofschlossklassen an der Chambre des Métiers

Eis Ofschlossklassen, 1TPSTC, 1TPMG, DP3EE, DP3EB, DP3MF an DP3MM waren den 13. an den 20. März, op Visitt um Kierchbierg an der Chambre des Métiers. Do kruten eis Schülerinnen a Schüler Informatiounen zum Brevêt de Maitrise, dem Meeschterbréif. Mat deser Formatioun kennen si selbstänneg ginn, also en eegene Betrib opmaachen, Verantwortung iwwerhuelen a selwer jonk, motivéiert Leit ausbilden.

Eiser Cellule d’Orientation, déi des Visitt organiséiert hat, ass et drëm gaang, eise Schülerinnen a Schüler a spannende Wee an hier professionell Zukunft ze weisen.