2TPMG an 2TPMGI op Studienvisitt

Den 21. Mäerz si mir mat der 2TPMG an der 2TPMGI virun hirem Stage op Studienvisitt vu verschiddene Betriber gaangen.

Enner anerem stoung Moies  eng Visitt vun der DuPont Neymours zu Contern, wou mir d‘Produktioun vun Tyvek an Typar kucke konnte goen. Dës sinn Produiten, déi an der ganzer Welt agesat ginn fir zum Beispill Schutziwerzich, Medikamenteverpackungen oder am Beräich vum Gaarden-a Stroossebau.

No enger gudder Pizza sinn mir gestäerkt op Ellange bei d‘Gradel gefuer, wou den CEO Claude Maack sech et net huele konnt eis eng perséinlech Visitt duerch säin Betrib ze bidden. Hei kruten mir en Abléck an de Beräich Sondermaschinebau, woubäi besonnesch de Servicing vun nuklearen Anlagen, Beschichtungen, mee awer och Liichtbau fir Uwendungenm  am Weltall. Enner anerem krute mir hiren neitste Prozess GRAM gewisen, deen et erméiglecht Baudeeler op eng ganz nei Aart a Weis ze designen.

 

Mat voller Motivatioun starten eis Schüler elo an hire Stage a mir sinn deenen zwee Betriber dankbar fir déi flott Visitt!