Bleesbréck 5G1

D’Visitt vun der Kläranlag Bleesbréck, SIDEN (Syndicat Intercommunal de Dépollution des Eaux résiduaires du Nord) war am Kader vun der Orientatioun geplangt gi. D’Schüler  konnten sech e Bild dovunner maachen wéi interessant a gefrot elektromechanesch Beruffer kenne sinn. Um Terrain krute si awer och gewisen wouzou d’Ingenierie fäeg ass, nämlech technesch Problemer op eng intelligent Aart a Weis ze léise. D’Visitt war professionell organiséiert, lieweg a flott a mir soen de Responsabelen dofir villmools Merci!