D’Schüler*innen vun 2e an 1e treffen Vertrieder vun der ACEL

Kierzlech hu Vertrieder vun der ACEL, dem Daachverband vun de Lëtzebuerger Studenten, sech mat eisen 2e- a 1e-Schüler getraff, an hinne wichteg Informatiounen iwwert de post-sekundäre Studium ginn. Niewent dem Transfert vu generellen Informatiounen iwwer Aschreiwungen, finanziell Hëllefen, Logement, asw. hunn d’Studentevertrieder ganz vill Froe mat perséinlechen Erfarunge beäntwert, wat den Austausch nach méi lieweg, dynamesch an interessant gestallt huet.