2TPMG & 2TPMGI am Challenge: Di liichst a stabilst Breck bauen!

An enger flotter Challenge sinn eis Schüler vun der 2TPMG & 2TPMGI, a Gruppen géinteneen ugetrueden, an hunn all hiert mechanescht Wëssen an Kënnen emgesaat, fir déi liichste Breck ze bauen. Duerno sin des Brecken op engem pneumateschen Préifstand, mat enger Kraaft belaascht a getest gin. Déi liichste Breck, déi eng bestëmmte Kraaft ausgehaalen huet, huet derbai gewonnen.