4TPMG an 7G baue Rennautoen mat Akkuschrauwer als Motor!

Dëst Joer goufen op der 4TPMG niewent hirem Cours, och Rennautoen gebaut, déi mat Hëllef vun zwee Akkuschrauwer ugedriwwe gin. Vun der Konzeptphase bis zum fäerdegen Rennauto, hu si e ganzt Joër un dem Projet geschafft, woubäi si hir geléiert Ferdegkeeten mat de Maschinnen am Atelier konnten ëmsetzen.

Well 7ième vun deem Projet begeeschtert waren, hu si selwer matgemaach an een Bobbycar ëmgebaut an mat engem Akkuschrauber als Motor ausgestatt.