Studierees an den Dräilännereck mat der AML

Obwuel d‘Schüler aus der Ausbildung zum Fligermecanicien e ganz chargéierte Programm hunn, hu mir e Weekend fonnt fir mat hinnen eng kleng Rees an de Dräilännereck ze starten. Samschdes den 18. Mee si mir op Maastricht gefuer. Iwwer Maastricht Underground

(https://www.exploremaastricht.nl/de/maastricht-underground)

konnte mir un enger Escape Room Aktivitéit an de Katakombe vu Maastricht deel huelen. Mat diversen Aufgaben hu mir eng Verschwörung vu Spioune verhënnert.

Mat vill Spaass konnte mir hei den Equippegeescht vun der Klass stäerken.

 

 

Als Belounung ass et fir d’Gewënner eng Medail mam Stär vu Maastricht, de jo fir den Opbau vun Europa steet, ginn.

Duerno ass et an den Zentrum vu Maastricht gaange, fir des lieweg a schéi Stad ze entdecken.

Am spéiden Nomëtteg si mir dunn op Oochen an d’Stad vum Karl de Grousse gefuer, wou mir am IBIS Marschiertor iwwernuecht hunn.

 

 

 

No engem Owesiessen am Karls Wirtshaus konnte mir nach e bëssen Oochen entdecken. Ënnerstëtzt goufe mir do vun engem fréiere Schüler aus dem LPEM, de mëttlerweil zou Oochen studéiert. Merci Pit!

De Sonnde goung et dunn op Spa Francorchamps fir déi 12. Editioun vum Oldtimer Event Spa-Classic ze besichen.

Nodeems den Niwwel vum Moien sech verzunn hat, konnten d’Schüler bei schéinstem Wieder, passionante Motorsport op der Pist erliewen.

Sécherlech war den een oder aneren erstaunt, wat en hei u raren a wäertvollen Autoen ze gesi kritt huet. Awer och déi ganz technesch Infrastrukturen hunn eis technikbegeeschtert Schüler beandrockt!

 

 

Nieft der Rennstreck konnt een am Fuererlager, an an de Boxegaassen erliewe wei d’Rennmecanicienen un deenen ale Maschinne schrauwen.

Nodeems d’Coursen esou zimmlech all gelaf waren, ass et a beschter Laun erëm zeréck an de Metz gaangen.

En décke Merci un eis Elterevereenegung an eis Direktioun fir hir Ënnerstëtzung!